D’Situatioun am Noen Oste war natierlech och ee Sujet, iwwer deen d’EU-Staats- a Regierungscheffen op hirem Sommet den Donneschdeg geschwat hunn.
An der gemeinsamer Declaratioun gouf op en Neits eng Wafferou gefuerdert, genee wéi d’Fräiloosse vun de Geiselen an och een Ophiewe vun der israeelescher Blockad an der Gazasträif fir humanitär Hëllef eranzeloossen.
Iwwer méiglech Konsequenze wat d’Zesummenaarbecht tëschent der EU an Israel ugeet, ginn d’Meenunge weiderhin auserneen. Dat gouf och um Sommet den Donneschdeg nees eng Kéier däitlech.