A Polen wëllt de Premier et haut wëssen: Direkt nodeems dee Rietskonservative Karol Nawrocki vrun enger Woch am zweeten Tour vun de Presidentielle gewonnen hat, koum d’Annonce vun engem Vertrauensvott am Parlament.
Den Donald Tusk wëllt deemno testen, ob seng Koalitiounspartner no deem Vott weider hanner him stinn. D’Victoire vum Karol Nawrocki war eng Defaite fir de Premier - den neie President steet der Partei fir Recht a Gerechtegkeet no, der PIS, déi virdrun 8 Joer laang um Rudder war.
Wat bedeit dee Vott vun haut? Kann den Donald Tusk sech senger Saach sécher sinn? Dat froe mir elo d’Danièle Weber.