Haut fält an der zoustänneger parlamentarescher Kommissioun vum Europaparlament eng Decisioun iwwert d’Demande vum Lëtzebuerger ADR-Europadeputéierte Fernand Kartheiser, am Parlament dierfe Lëtzebuergesch ze schwätzen.
Déi Demande ass net konform mat den europäeschen Traitéë - well eleng d’Memberlänner dofir zoustänneg sinn, ze definéieren, wéi eng Sproochen an enger EU-Institutioun geschwat dierfe ginn - zu där Conclusioun koum de President vun där Kommissioun, de Sven Simon. Hien huet domat dem Avis vum Service juridique vum Parlament widdersprach, dee virdrun d’Ufro vum Fernand Kartheiser net komplett verworf hat.