Europa Aktuell
Belsch: Angscht ëm Pressefräiheet
An der Belsch fäerten aktuell Journalisten a Medienhaiser ëm hir Pressefräiheet. Eigentlech ass déi per Gesetz a Verfassung garantéiert, an de leschte Méint koum et awer ëmmer nees zu Geriichtsaffären, iwwer déi - deels erfollegräich - versicht gouf, der Press hiert Recht op Informatioun(sverbreedung) ewechzehuelen. Derbäi kënnt e generellt Mësstraue géintiwwer der Beruffsspart. Redaktiounen a Journalistenassociatiounen an der Belsch fäerten elo, datt déi preventiv Zensur zur Normalitéit am Land gëtt. Eis Korrespondentin Agathe Cherki huet d'Detailer ...