Europa Aktuell
EU-Parlament wénkt Kommissären a Kommissärinnen duerch
6 min
Gëschter hunn also déi zwou gréisste politesch Fraktiounen am Europaparlament hire Blocage opginn.
D’Europäesch Vollekspartei an d’Sozialiste goufe sech zesumme mat de Liberalen eens, fir d’Besetzung vun der neier Ekipp vun der Kommissiounscheffin Ursula von der Leyen esou guttzeheeschen, wéi se proposéiert gouf.
Déi 26 designéiert EU-Kommissären a -Kommissärinne waren an de leschte Wochen am Parlament gehéiert ginn - duerno awer gouf de Prozess gréng Luucht ze ginn am Parlament gestoppt. Et gouf Sträit iwwer e puer Kandidaten - an doriwwer, ob een zu dräi iwwerhaapt nach an enger pro-europäescher Koalitioun funktionéiere géif.
Wéi koum et elo zu deem Accord? Wien huet misse Waasser a säi Wäi schëdden? Dorop kucke mir mat eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber.
Presentéiert vum
- Daniele Weber