Europa Aktuell
Brandmauer mat Rëss: Onkloer, op wat d'EVP erauswëllt
6 min
Den Ament suergt e Vott vun där leschter Woch fir gréisser Diskussiounen. E Vott, bei deem déi gréisste Fraktioun am Parlament, d’Europäesch Vollekspartei, Amendementer vun der riets-extreemer Fraktioun, an där déi däitsch AFD vertrueden ass, matgedroen huet. An domat dofir gesuergt huet, datt dee ganzen Text verworf gouf. Souwuel d’Sozialiste wéi déi Liberal, Grénger a Lénker hunn duerno nämlech dogéint gestëmmt.
Si si rosen a soen d’Brandmauer no riets wier duerchbrach ginn. Ganz anescht d’Reaktioun um rietse Bord: D’Resultat vun deem Vott wier e Beweis fir déi ëmmer méi grouss Onstëmmegkeeten, an där “informeller Koalitioun vu Chrëschtdemokraten, Sozialisten a Liberalen”, huet sech e Freideg den ADR-Europadeputéierte Fernand Kartheiser an engem Communiqué gefreet.
Mee wat heescht dat dann elo fir d’Koalitioun, déi hanner der zukünfteger Kommissiounspresidentin steet? D’Danièle Weber mat Reaktiounen
Presentéiert vum
- Daniele Weber