Déi aktuell a warscheinlech och zukünfteg Kommissiounscheffin huet wëlles, d'Europäesch Kommissioun e bëssen anescht ze organiséieren an de Bréisseler Apparat e bëssen ëmzebauen. Allerdéngs stelle sech do bei enger Partie vun de Portefeuillen eng ganz Partie Froen.
Et schéngt nämlech alles anescht wéi kloer ze sinn, wie genee wéi eng Aufgab kritt - an och wie wiem ënnerstallt ass.