D’Kommissiounscheffin Ursula von der Leyen huet e Plang op den Dësch geluecht, dee virgesäit Europa opzerüsten. Duerch verschidde Mesüre sollen um Enn bis zu 800 Milliarden Euro mobiliséiert ginn, esou d’Hoffnung vun der Kommissioun. Wéi kënnt Bréissel op deen impressionante Montant vun 800 Milliarden? Erklärungen vun eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber.
An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.