Mam Album Floating, deen de 25. September 2026 bei ACT Music erauskomm ass, presentéiert de franséische Sopransaxophonist Émile Parisien e musikalesche Projet mat engem internationale Quartett. Zesumme mam Pianist Yaron Herman, der Bassistin Linda May Han Oh an dem Perkussionist Prabhu Edouard verbënnt hien Jazz mat verschiddene musikaleschen Aflëss. Melodien, rhythmesch Strukturen an improviséiert Passagë stinn am Mëttelpunkt vun enger Musek, déi vum oppenen Zesummespill vun de véier Museker lieft.
Playlist
01. Emile Parisien - Asian Songs & Rhythms, No. 40
02. Emile Parisien - Bonbon
03. Emile Parisien - Olive Branch
04. Emile Parisien - Badhra
05. Emile Parisien - Portal
06. Emile Parisien - 66
07. Emile Parisien - Ruth
08. Emile Parisien - Nusrat
09. Emile Parisien - As It Comes and as It Goes
10. Emile Parisien - El Toro
11. Emile Parisien - Arco
12. Thelonious Monk - Well You Needn't