Radioen

On air

Simon Says  |  Ian Pooley - Venasque

play_arrow Live
arrow_back_ios

E staarkt Team

100komma7.lu / E staarkt Team

/ D'Eltereschoul J. Korczak

D'Eltereschoul J. Korczak

headphones

4 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

D'Fondation Kannerschlass bitt therapeutesch a pädagogesch Servicer fir Kanner, jonk Leit a Famillen.

Eng Schoul fir Eltere mat engem Konzept, dat näischt mat enger traditioneller Schoul ze dinn huet. Hei dierf a soll gebabbelt an agéiert ginn, an zwar zesummen am Grupp, an an der Begleedung vun der Ekipp vun der Eltereschoul. Zanter 22 Joer gëtt et dës Institutioun, déi ufanks Kanner, Jugendlecher a Famille betreit huet, déi a a grousser Nout waren. Mëttlerweil läit de Fokus vill méi op der Preventioun, an d‘Course sinn op fir jiddwereen. D‘Offere fir nei Elteren a Famille sinn immens breet gefächert. Preventioun gëtt grouss geschriwwen, erkläert d‘Jeanine Schumann, Chargée de Direction vun der Eltereschoul J. Korczak, déi eis d'Schoul kuerz virstellt.

Tipp:
Eltereschoul dobaussen: Op der Spillplaz
Bambësch 16.07. vu 14:00-16:00
Parc Märel: 16.07. vu 14:00-16:00
De ganzen Agenda fënnt een op: www.kannerschlass.lu

Politik a Gesellschaft
Edukatioun
mic_none

Presentéiert vum

Episoden