Den Emile Klensch, gebuer de 19. Juli 1895 zu Beetebuerg, war ee Lëtzebuerger Bauer a Proprietär vun engem groussen Haff zu Beetebuerg. 1935 huet hien seng éischt Molkerei zu Lëtzebuerg gegrënnt, déi de Numm EKABE krut, een Akronym fir „Emile Klensch a Bettembourg“. Am Zweete Weltkrich gouf seng Molkerei zougemaach an hie gezwongen an den Oste vum Land ze plënnere wou hien déi al Molkerei vum Fritz Pasquay zu Eescheler iwwerholl, an ënnert dem Numm EKABE weider gefouert huet.
arrow_back_ios
Dagdeeglech
Virun 42 Joer ass den Emile Klensch gestuerwen
Lauschteren
play_arrow
headphones
2 min