Déi Stater hunn de Lëtzebuerger Ingenieur „de Chinees“ genannt. Den 21. Mäerz 1864 am Stadgronn gebuer, war den Eugène Ruppert no Etüden am däitschen Oochen aktiv an däitsche wéi och a chineesesche Schmelzen, war Direkter vun engem Héichuewebetrib zu Dortmund an huet och fir déi japanesch Siderurgie geschafft. Dem Eugène Ruppert seng Sammlung vun asiatesche Medailen a Mënze gouf 1981 am Staatsmusée ausgestallt, een aneren Deel vu senger Chinoiserië kruten d‘Franziskanerinnen um Belair, déi se nach haut an hirem Musée versuergen. Den Eugène Ruppert ass den 3. November 1950 am Alter vu 86 Joer gestuerwen.
arrow_back_ios
Dagdeeglech
Virun 162 Joer koum den Eugène Ruppert op d'Welt
Lauschteren
play_arrow
headphones
2 min
Episoden
Virun 103 Joer koum d'Yvonne Frisch-Urbany op d'Welt
Déi Lëtzebuerger Schrëftstellerin huet sech schonn a jonke Jore politesch engagéiert, genee wéi hire Brudder, dee fréiere KP-Deputéierte René Urbany.
D'Invasioun vun der Bay of Pigs
De 17. Abrëll 1961 lancéieren d'USA an d'Cuban Democratic Revolutionary Front eng Militäraktioun, fir déi kubanesch Regierung ze stierzen.
Virun 215 Joer koum den Emmanuel Servais op d'Welt
Lëtzebuerger Politiker an Auteur
Der Titanic hir éischt a lescht Rees
Den 10. Abrëll 1912 huet am englesche Southampton der Titanic hir éischt a lescht Rees ugefaangen.
Ermordung vum Martin Luther King Jr.
Haut (4.4.) op den Dag genee virun 58 Joer gouf de Martin Luther King Jr. erschoss.