Gebuer den 11. Oktober 1927 zu Bréissel als Prinzessin vun der Belsch, huet sech d‘Joséphine-Charlotte de 9. Abrëll 1953 mam Prënz Jean vu Lëtzebuerg bestuet an 2 Prinzessinnen an 3 Prënzen d‘Liewe geschenkt. 1964, wéi de Prënz Jean Groussherzog gouf krut si den Titel vun enger Groussherzogin. Si war iwwer laang Joren Presidentin vum Lëtzebuerger Roude Kräiz an huet eng sëllegen aner karitativ Organisatioune patronéiert.
arrow_back_ios
Dagdeeglech
Virun 21 Joer ass d'Joséphine-Charlotte gestuerwen
Lauschteren
play_arrow
headphones
2 min