De 4. November 1899 zu Mamer gebuer, ass den Nicolas Frantz den 8. November 1985 am Alter vu 86 Joer an der Stad Lëtzebuerg gestuerwen. Hie war ee vun de ganz grousse Lëtzebuerger Vëlossportler, huet a senger Karriär den Tour de France zweemol gewonnen, an dat gläich hannerteneen, 1927 an 1928. Heibäi ass hie bei senger 2. Victoire vum éischte bis de leschten Dag am Maillot Jaune gefuer, een Exploit, deen net vill him nogemaach hunn. Bekanntlech huet Lëtzebuerg seng Demande agereecht fir 2028 de Grand Départ vum Tour de France an d‘Land ze huelen, dat fir de Centenaire vum Nicolas Frantz senger 2. Victoire vun der Grande Boucle.
arrow_back_ios
Dagdeeglech
Viru 40 Joer stierft den Nicolas Frantz
Lauschteren
play_arrow
headphones
3 min