Den 11. Oktober 1950 gebuer, huet d‘Mady Delvaux-Stehres no hirer Première zu Paräis op der Sorbonne studéiert a war bis 1989 Professesch am Lycée Michel Rodange an der Stad Lëtzebuerg. Zanter 1974 ass si an der LSAP engagéiert, war am Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg, Deputéiert an der Chamber a Staatssekretärin wéi och Ministesch. Viru 6 Joer huet sech d‘Mady Delvaux-Stehres aus der aktiver Politik zeréckgezunn.
arrow_back_ios
Dagdeeglech
75 Joer Mady Delvaux-Stehres
Lauschteren
play_arrow
headphones
2 min
Episoden
Virun 215 Joer koum den Emmanuel Servais op d'Welt
Lëtzebuerger Politiker an Auteur
Der Titanic hir éischt a lescht Rees
Den 10. Abrëll 1912 huet am englesche Southampton der Titanic hir éischt a lescht Rees ugefaangen.
Ermordung vum Martin Luther King Jr.
Haut (4.4.) op den Dag genee virun 58 Joer gouf de Martin Luther King Jr. erschoss.