arrow_back_ios
Dagdeeglech
Virun 132 Joer koum de Zénon Bernard op d'Welt
headphones
2 min
Lauschteren
play_arrow
Gebuer zu Koler huet de Zénon Bernard als Schlässer op der Schmelz zu Déifferdeng geschafft. Hie war ee passionéierte Fussballspiller an huet zweemol fir d‘Rout Léiwe gespillt. 1921 war hien ee vun de Grënner vun der Kommunistescher Partei, spéider hire Generalsekretär a President. De Zénon Bernard war 1934 deen éischten Deputéierte vun der KP an der Chamber a bis 1940 am Gemengerot vun Esch-Uelzecht. De Zénon Bernard ass de 25. Juni 1942 zu Kassel gestuerwen.