Radioen

On air

9 bis 1  |  Quantic - Unconditional Feat. Rationale

play_arrow Live
arrow_back_ios

Concert

search / Concert

/ Vun heroeschen Téin, polneschen Aflëss an impressionistesche Klangfaarwen

Vun heroeschen Téin, polneschen Aflëss an impressionistesche Klangfaarwen

Bei dësem Concert, deen den 29. November 2024 am Gewandhaus zu Leipzig opgeholl ginn ass, stoung nieft bekannten Nimm och dee vun enger polnescher Komponistin am Programmheft.

Den Ufank huet awer den norwegesche Pianist Leif Ove Andsnes mam Beethoven sengem 5. a leschte Piano Concerto gemaach. Vun dësem heroeschen a politesch motivéierte Stéck ass et do eriwwer gaange bei déi 4. Sinfonie vun der polnescher Komponistin Grazyna Bacewicz. Dëst Wierk verbënnt déi sinfonesch Traditioun aus dem 19. Joerhonnert mat enger méi zäitgenëssescher Tounsprooch aus der Mëtt vum 20. Joerhonnert. De Jeremy Ney, deen duerch dëse Programm féiert, erzielt iech ënner anerem nach méi iwwert d‘Liewe vun dëser aussergewéinlecher, polnescher Komponistin.

Zum Schluss hunn d’Museker vum Gewandhausorchester Leipzig zesumme mam finneschen Dirigent Sakari Oramo nach méi impressionistesch Téin zum Beschte ginn. Hei waren et dem Claude Debussy seng „3 Nocturnes“, déi e kloren Iwwergang vun der Romantik eriwwer an d‘Modern markéieren.

Dëse Concert kënnt dir bis den 18. Februar 2025 zu all Moment an der Mediathéik vum Opus 100,7 nolauschteren.

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Rhythmus am Blutt

Symphonik inspiréiert vun Danz a Folklor aus Spuenien a Latäinamerika

Mitsuko Uchida trëfft op Beethoven a Schönberg

E Mix aus Beethoven, Romantik à la Brahms a Kläng aus dem 20. Joerhonnert

Maacht d’Aen zou an loosst eis dreemen ...

De Pianist Claude Weber an d’Sopranistin Gerlinde Säman sinn an déi mysteriéis Welt vum Dram getaucht a proposéieren e mageschen Nomëtteg mat verdreemte Lieder vu Komponisten a Komponistinnen.

Die Sehnsucht nach dem Süden

Stëmmung wéi an der Vakanz mat latäinamerikaneschem Flair. D'Solistes Européens, Luxembourg trieden op mat der Pepino Caliente Band.

Russesch Romantik

Musek aus zwee russeschen Balleten ganz am Sënn vun der Léift

Alles ronderëm d'Léift

Ander Zäit ëm Vältesdag presentéiert Iech de Remy Franck e Programm mat moderner an Neier Musek, dee sech ganz ëm d'Léift dréit.

La Harpe à Paris

E Concert ActArt aus dem Stater Conservatoire, bei deem dat grousst Zupfinstrument am Fokus steet.

A Roman Holiday

Entdeckt mat eis eng musikalesch Rees duerch déi réimesch Geschicht an d'Uropféierung vum Lëtzebuerger Komponist Claude Lenners.

Verkannte Bijouen

Dem Schubert seng éischt Geiesonate goufen zu senger Zäit net eescht geholl. Datt se trotzdeem derwäert sinn, gelauschtert ze sinn, dovu kann ee sech bei dësem Concert iwwerzeegen.

Concert fir nozelauschteren

Léift fir dem Schumann seng Musek

Zwou éischt Sinfonien

D'Wiener Philharmoniker spillen déi éischt Sinfonie vum Anton Bruckner an déi éischt vum Robert Schumann

Leonard Bernstein an ee Wierk voller Léift

"Wat ass déi richteg Léift?" - froen dem Platon seng Kolleegen am Symposion. De Leonard Bernstein huet deem griichesche Philosoph seng Iwwerleeungen a Musek gesat.

E Bléiserquintett an der Salle de Musique de Chambre

Um Programm: Wierker vum Zemlinsky, Haas a Brahms.

Indian Summer

E Concert aus der Philharmonie mam OCL, der Geiistin Alena Baeva an der Dirigentin Chloé van Soeterstède.

Een Owend mat Tchaikowski

Manfred-Sinfonie: Russesch Romantik, déi an de Concertssäll zu senger Zäit fir vill Begeeschterung gesuergt huet.

Vun heroeschen Téin, polneschen Aflëss an impressionistesche Klangfaarwen

Ee Concert mam Leipziger Gewandhausorchester.

De Rising Star Sào Soulez Larivière

Huelt mat eis Plaz am 100,7 Concertssall a lauschtert de Concert vum jonke Braatschist Sào Soulez Larivière. Mat Commentaire vum Lex Kauffmann

E grousse südkoreanesche Pianist an der Philharmonie

De Seong-Jin Cho spillt zesumme mat de Lëtzebuerger Philharmoniker Wierker vu Ravel, Chostakovich a Prokofiev

Däitsch Romantik

De Benedikt Wesner an de Philippe Beaujot interpretéiere Liederzykle vu Schumann a Brahms.

"Klangrausch"

Den RIAS Kammerchor an d'Capella de la Torre interpretéiere Wierker, déi am 16. a 17. Joerhonnert fir de Petersdoum zu Roum an de Markusdoum zu Venedeg geschriwwe goufen.