Concert
Fokus op d'Sinfonie
De 9. November 2024 stoungen am Konzerthaus zu Berlin zwou grouss Sinfonien am Mëttelpunkt vum Programm. No dem Joseph Haydn senger 49. Sinfonie, déi a Fa mineur steet an eng ganz aner Säit vum Éisträicher Komponist opweist, war et dem Gustav Mahler seng 5. Sinfonie, déi grad esou fir en neie Wee an dem senger kompositorescher Aarbecht gëllt. Firwat genee grad dës zwee Wierker am Liewe vun deenen zwee Komponisten esou erausstieche verréit iech de Jeremy Ney, deen duerch dëse Programm féiert.
Programm:
Joseph Haydn (1732-1809): Sinfonie Nr. 49 a Fa mineur (“La passione”), Hob. I:49
Gustav Mahler (1860-1911): Sinfonie Nr. 5 an Do dièse mineur
Interpreten:
Rundfunk-Sinfonieorchester Berlin
Ádám Fischer (Dirigent)
Dëse Concert kënnt dir bis de 5. Februar 2025 zu all Moment an der Mediathéik vum Opus 100,7 nolauschteren (www.opus.radio)
Presentéiert vum
- Jérémy Ney