Radioen

On air

Notturno  |  Ryvage - Tulipe (Schlofzëmmerbléck)

play_arrow Live
arrow_back_ios

Concert

search / Concert

/ "Klangrausch"

"Klangrausch"

Dëse Concert invitéiert an déi spannend Joren tëschent der Renaissance an dem Barock: Am Zentrum steet Musek fir e puer Chéier (mehrchörige Musik). De RIAS-Kammerchor interpretéiert eng Mass fir véier Chéier an eng Mass fir 40 Stëmmen, wéi se um Enn vun der Renaissance am Maruksdoum zu Venedeg oder am Petersdoum zu Roum ze héiere waren.

Programm:
•Giovanni Gabrieli (ca 1554-57-1612): Magnificat à 14
•Orazio Benevoli (1605-1672): Kyrie and Gloria aus: 'Missa Si Deus pro nobis à 16'
•Francesco Usper (ca. 1560-1641): Sonata à 8
•Orazio Benevoli (1605-1672): Credo from 'Missa Si Deus pro nobis à 16'
•Alessandro Grandi (1586-1630): Plorabo die ac nocte
•Francesca Caccini (1587-1641): Sinfonia / Bergamasca
•Claudio Monteverdi (1567-1643): Ave maris stella
•Orazio Benevoli (1605-1672): Sanctus and Agnus Dei from 'Missa Si Deus pro nobis à 16'
•Maurizio Cazzati (ca 1620-1677): Passacaglia
•Alessandro Striggio (I) (ca 1536/37-1592): Ecce beata lucem

Interpreten:
•Juliane Mbodjé, altus
•Minsub Hong, tenor
•RIAS Kammerchor Berlin
•Capella de la Torre
•Robert Hollingworth, Katharina Bäuml, Direktioun

Dëse Concert gouf de 7. November 2024 am Dom zu Berlin opgeholl an ass nach bis den 12. Februar 2024 an der Mediathéik op www.opus.radio disponibel.

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Verkannte Bijouen

Dem Schubert seng éischt Geiesonate goufen zu senger Zäit net eescht geholl. Datt se trotzdeem derwäert sinn, gelauschtert ze sinn, dovu kann ee sech bei dësem Concert iwwerzeegen.

Concert fir nozelauschteren

Léift fir dem Schumann seng Musek

Zwou éischt Sinfonien

D'Wiener Philharmoniker spillen déi éischt Sinfonie vum Anton Bruckner an déi éischt vum Robert Schumann

Leonard Bernstein an ee Wierk voller Léift

"Wat ass déi richteg Léift?" - froen dem Platon seng Kolleegen am Symposion. De Leonard Bernstein huet deem griichesche Philosoph seng Iwwerleeungen a Musek gesat.

E Bléiserquintett an der Salle de Musique de Chambre

Um Programm: Wierker vum Zemlinsky, Haas a Brahms.

Indian Summer

E Concert aus der Philharmonie mam OCL, der Geiistin Alena Baeva an der Dirigentin Chloé van Soeterstède.

Een Owend mat Tchaikowski

Manfred-Sinfonie: Russesch Romantik, déi an de Concertssäll zu senger Zäit fir vill Begeeschterung gesuergt huet.

Vun heroeschen Téin, polneschen Aflëss an impressionistesche Klangfaarwen

Ee Concert mam Leipziger Gewandhausorchester.

De Rising Star Sào Soulez Larivière

Huelt mat eis Plaz am 100,7 Concertssall a lauschtert de Concert vum jonke Braatschist Sào Soulez Larivière. Mat Commentaire vum Lex Kauffmann

E grousse südkoreanesche Pianist an der Philharmonie

De Seong-Jin Cho spillt zesumme mat de Lëtzebuerger Philharmoniker Wierker vu Ravel, Chostakovich a Prokofiev

Däitsch Romantik

De Benedikt Wesner an de Philippe Beaujot interpretéiere Liederzykle vu Schumann a Brahms.

"Klangrausch"

Den RIAS Kammerchor an d'Capella de la Torre interpretéiere Wierker, déi am 16. a 17. Joerhonnert fir de Petersdoum zu Roum an de Markusdoum zu Venedeg geschriwwe goufen.

Eng Konfrontatioun tëscht Harf an Orchester

Huelt Plaz am 100,7 Concertssall a lauschtert ee Concert vum Orchestre de la Suisse romande ënnert der Direktioun vum Jonathan Nott. Duerch de Concert guidéiert den Remy Franck.

Däitsch Romantik

De Benedikt Wesner an de Philippe Beaujot interpretéiere Liederzykle vu Schumann a Brahms.

Fokus op d'Sinfonie

De Rundfunk-Sinfonieorchester Berlin interpretéiert zwee besonnesch Wierker vum Haydn a Mahler.

Vu Korngold iwwer Bartók bis Boulanger

Den Alpesh Chauhan an den Andris Poga dirigéieren den Nationale Sinfonieorchester vun der italieenescher RAI.

Fokus op d'Sinfonie

De Rundfunk-Sinfonieorchester Berlin interpretéiert zwee besonnesch Wierker vum Haydn a Mahler.

Mozart made in Manchester

Huelt zesumme mam Joachim Fontaine Plaz am radio 100,7- an opus 100,7-Concertssall a genéisst dëse Concert vu Manchester.

Strauss, Bruch a Wagner

En däitsche Komponisten-Trio am Géigesaz zu der franséischer Komponistin Mel Bonis.