Concert
Martha! E Concert mat groussen Nimm
De 16. Oktober 2024 waren an der Victoria Hall zu Genève ënner anerem grouss Wierker vum Beethoven ze héieren.
No enger Aleedung vum Maurice Ravel sengem Stéck “Le Tombeau de Couperin“, presentéiert vum Orchestre de la Suisse Romande, ass déi bekannte Pianistin Martha Argerich dozougestouss fir dem Beethoven säin éischte Pianosconcerto zum Beschten ze ginn.
Duerno huet den Orchester ënner der Leedung vum Dirigent Jonathan Nott dem Beethoven seng 8. Sinfonie presentéiert, déi vun him selwer gären als “Die Kleine F-Dur“ bezeechent gouf.
Wouhier dësen Numm kënnt verréit Iech de Jeremy Ney, deen duerch dëse Programm féiert.
Dëse Concert kënnt Dir bis de 17. Dezember 2024 zu all Moment an der Mediathéik vum opus 100,7 nolauschteren.
Programm:
Maurice Ravel (1875-1937): Le Tombeau de Couperin
Ludwig van Beethoven (1770-1827): Piano Concerto Nr. 1 an Do Majeur, op.15
Robert Schumann (1810-1856): Traumes Wirren, aus: “Fantasiestücke“, op.12 (Encore)
Ludwig van Beethoven: Sinfonie Nr. 8 a Fa Majeur, op.93
Interpreten:
Martha Argerich, Piano
Orchestre de la Suisse Romande
Jonathan Nott, Direktioun
Presentéiert vum
- Jérémy Ney