Radioen

On air

Mat Groove a Séil  |  Mat Groove a Séil

play_arrow Live
arrow_back_ios

Concert

100komma7.lu / Concert

/ Ee vun de gréisste Spezialiste vun zäitgenëssescher Musek

Ee vun de gréisste Spezialiste vun zäitgenëssescher Musek

Mam Sylvain Cambreling steet ee vun de gréisste Spezialiste vun zäitgenëssescher Musek virum WDR Sinfonieorchester. An engem Programm mat Wierker vu Peter Eötvös, Toshio Hosokawa, Lisa Streich a Philipp Maintz, Stécker an deenen et ëm esou verschidden Theeme geet wéi Dreem no engem Äerdbiewen, dem Berliner Nuetsliewen, eng fragil Äisschicht an en ungarescht Märchen.

Dëse Concert gouf den 22. Juni 2024 am Klaus von Bismarck Saal zu Köln opgeholl ginn. Dir kënnt de Concert bis den 10. Dezember 2024 an der Mediathéik vum opus 100,7 nolauschteren.

Programm:
Philipp Maintz: Der Zerfall einer Illusion in farbigen Scherben
Lisa Streich: Meduse - Elle est belle et elle rit, fir Trompett an Orchester
Peter Eötvös: Mese
Toshio Hosokawa: Erdbeben. Träume

Interpreten:
WDR Sinfonieorchester, Köln
Sylvain Cambreling, Direktioun
Simon Höfele, Trompett

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Ganz am Zeeche vum Richard Wagner

De Symphonieorchester vum Schweedesche Radio ënnert der Leedung vum Leopold Hager

Ee vun de gréisste Spezialiste vun zäitgenëssescher Musek

Mam Sylvain Cambreling steet ee vun de gréisste Spezialiste vun zäitgenëssescher Musek virum WDR Sinfonieorchester, mat ganz verschiddene Stécker ...

Clarinet and Company

Ee Concert-apéritif mat fënnef Museker:innen vun de Lëtzebuerger Philharmoniker. Si presentéiere Wierker fir Klarinett a Sträicher.

Summerconcert 2024 vum ONJ

Vun Danzmusek vum Bartók bis Filmmusek vum Korngold

Musek vun Debussy, Britten, Saint-Saëns an Zdunik

Concert vum Nationale Symphonieorchester vum Polnesche Radio

Concert

Eng Hommage un de Fauré an den Dubois

Ee Concert mam Jean Muller a Sebastian Bohren

Den Ofschlossconcert am Kader vun enger Concertserie mat Gesamtopféierunge vum Franz Schubert senge Geiesonaten

Sakralmusek vun Haydn a Mozart

En Allerhellegeconcert mam "Insanae et vanae curae" an der 44. Sinfonie a Mi mineur vum Joseph Haydn, esou wéi dem Requiem vum W.A. Mozart.

Ënnerwee mam Mephisto a mat den Hexen ...

De Christophe Mirkes féiert Iech duerch déi onheemlechst Museke vu Liszt, Berlioz, Mussorgski, Beethoven a villen anere Komponisten.

De Requiem vum Gabriel Fauré

E Wierk, dat d’Mënschen tréischte soll.

Musek inspiréiert vum Mier

De Scottish Chamber Orchestra spillt Mendelssohn, Mozart a Capperauld

Finall vum Internationale Concours fir Gittar zu Lëtzebuerg 2024

Véier Finalisten aus véier Länner bei der Finall am Stater Conservatoire (12.05.2024)

Concert

Zwee Wierker aus der Zäit vun der JoerhonnertwendZwee Wierker aus der Zäit vun der Joerhonnertwend

Een Owend an der Elbphilharmonie mat franséischem Impressionismus

Moolereg Kläng, fléissend Rhythmen an d'Spill mat der Natur versprécht ee Concert mat Wierker vu Ravel an Debussy.

Dem Haydn seng Schöpfung

E Concert ënnert der Leedung vum Pierre Cao

Concert

Zwee Wierker aus der Zäit vun der JoerhonnertwendZwee Wierker aus der Zäit vun der Joerhonnertwend

De Quatuor Ebène um Verbier Festival 2024

E Concert mam Grammophone Award Gewënner aus Frankräich

Concert

Vu Wiener Klassik bis an d'Spéitromantik

Concert

Ee Concert vun de BBC Proms mat Mozart, Farrenc a Beethoven

Komponistinnen am Fokus

Fanny Hensel, Clara Schumann, Hannah Eisendle, Louise Farrenc mam ORF Radio-Symphonieorchester Wien