Eng Eegekreatioun vum Barkeeper Marius Birsan. E Cocktail, mat dem hie Lëtzebuerg op der Cocktail-Weltmeeschterschaft vertrueden huet.
Rezept:
10 Milliliter Whiskey fumé
10 Milliliter Aprikosen-Sirop
2 Schléck Cranberry-Bitter
De Cocktail gëtt am Glas gemixt an dat fir d’éischt de Whiskey, dann déi aner Ingrediente kommen. Zum Schluss kennt d’Äis dran an e Stéck Pampelmousse fir ze dekoréieren.