Solle mer iessen, well mir Honger hunn – oder well grad Mëttegpaus ass? Soll een dräi oder fënnef Mol den Dag iessen?
A stëmmt d ‘Spréchwuert: „Moies iesse wéi e Keeser, mëttes wéi e Kinnik an owes wéi een Heeschemann?“
D’Ernährungsberoderin Stéphanie Rosquin, erkläert wat hei ze beichten ass ronderëm Iessgewunnechten, Hongergefill an d ‘Pausen tëschent de Moolzechten. A wéi en Iessrhythmus am beschten zu engem passt.