De 14. November organiséieren d'ALD an d'FLMP d'Wanderung "10.000 Schrëtt géint Diabetes" zu Diddeleng.
Mee wou kënnt dës symbolesch Zuel eigentlech hier? Muss een dës 10.000 Schrëtt wierklech all Dag erreechen, fir gesond ze bleiwen? A wéi vill Beweegung brauche mir tatsächlech, fir eis Gesondheet ze ënnerstëtzen an de Risiko vun Typ-2-Diabetes zu reduzéieren?
D'Kerstin Haller vun der ALD, der Association Luxembourgeoise du Diabète,
kuckt op d'Wëssenschaft hannert de bekannten 10.000 Schrëtt an erkläert, firwat all Schratt e positiven Effekt op eis Gesondheet kann hunn.