Vu Joer zu Joer gi se méi fréi ugebueden a fannen da bis Ënn des Joers hire Wee op eise Kaffisdësch. Wéi eng Eegenschaften huet dëst Gebäck a wéi wierkt et op eisen Organismus. Op Dir elo selwer baakt oder kaaft, hei kritt Dir Rotschléi an Tipps, op wéi eng Fassong Dir et am beschten an e gesond Iesse kënnt abauen. Explikatioune vun der Ernärungsberoderin Lis Muller
Fir dat traditionellt Gebäck, dat gewéinlech ze séiss an ze vill gesiedegt Fettsaieren enthält, an eng gesond Ernärung anzebauen, gëtt Innovatiounsgeescht groussgeschriwwen:
- Iwwerméisseg Zocker kann am traditionellen Originalrezept reduzéiert ginn, ouni datt dat um Endresultat vill ännert
- Gedréchent Uebst wéi Roséngen, Dattelen, Aprikose séissen op eng natierlech Aart a Weis a bréngen nieft dem Zocker vill Mineralien a Ballaststoffer
- Banannen, Äppelkompott oder och gedämpte Courgettë ginn dem Gebäck méi eng sämeg, cremeg Textur a kënnen esou een Deel Fett ersetzen
- Interessant sinn och gemuelen Nëss, Mandelmus oder Cacahouèttemus, déi zwar fetteg sinn, mee e gudde Fettsaiereprofil hunn an zousätzlech aner wäertvoll Närstoffer enthalen
Referenzen:
Farrimond, S. (2018). Gewürze - Aromen kombinieren, kochen, perfektionieren. DK Penguin Random House
https://www.sou-schmaacht-letzebuerg.lu/de/getreideprodukte/vollkorngetreide
https://www.weltderphysik.de/thema/hinter-den-dingen/physik-der-weihnachtsbaeckerei/
Miclo, L. (2025). Les épices du pain d'épices: focus sur certains de leurs constituants biologiquement actifs et/ou à risque. Pratiques en nutrition