Vill Leit wëssen net, datt si Prädiabeetes hunn - eng Virstuf vum Diabeetes, bei där de Bluttzocker schonn erhéicht ass. Symptomer triede kaum op, dofir gëtt Prädiabeetes dacks zoufälleg entdeckt. Grad elo sinn d‘Chancen awer grouss entgéintzesteieren: Mat méi Beweegung, enger equilibréierter Ernärung a klenge Verännerungen am Alldag léisst sech d‘Entwécklung heefeg stoppen oder esouguer zeréckdréien. An dëser Emissioun erkläre mir, wat Prädiabeetes bedeit, wéi een en erkennt a wat all Mënsch selwer maache kann, fir seng Gesondheet op laang Siicht ze schützen. Explikatioune mat der Infirmière spécialisé en diabétologie, der Kerstin Haller vun der Maison du diabète, (ald), der Association Luxembourgeoise du Diabète
www.ald.lu