Ob Hokaido, Butternut oder Spaghettikürbis: Si zeechne sech all duerch déi villerlee Faarwen a Formen aus. Wéi eng Roll se op eisem gesonden Hierschtteller spillen, kucke mir eis haut méi geneeë un.
Ënner dem Motto Halloween loosse sech och Kanner gäre fir villerlee geséisst a gehäerzt Kürbis-Zoubereedunge begeeschteren. Explikatioune mat der Ernärungsberoderin Lis Muller.
Tipps:
D’Zäit vun de gesellegen Owender bei Raclette oder Fondue fänkt un. Eng gesond Alternativ zu dësen dach schwéiere Menue wier en häerzhafte Kürbiszoppowend mat flotte Bäilagen, déi een all op eng liicht Fassong kann zoubereeden.
Esou gëtt eng Kürbiszopp, gewierzt mat zum Beispill Ingwer, Curry a Kokosmëllech, ergänzt mat Kicherierbessen, déi mat pikantem Garam masala geréischtert sinn, gegrillte Bacon oder jee no Geleeënheet gegrillte Scampien.
Nieft dem Eewäiss komme Kuelenhydrater ënner Form vu Gromperekichelcher, Panesch oder einfach Croûtonen aus Vollkarbrout op den Dësch. Fir dat ganzt ofzeronnen hu mir als gesond Fettquellen gereechert Kürbiskären oder e Pesto mat décken Nëss a Péiterséileg.
Références
https://www.aprifel.com/fr/fiche-nutritionnelle/potiron/
https://www.ble-medienservice.de/kuerbis-lebensmittel-infoblatt.html
Prades, J. B. Comment faire la cuisine des courges. Rustica Editions.