Ëmmer méi Leit huelen Hunneg, Agavesirop oder Stevia amplaz vun Zocker - am Glawen, dat wier méi gesond an nohalteg. Mee stëmmt dat?
Agavesirop kléngt zwar natierlech, kënnt awer aus Monokulturen a muss wäit transportéiert ginn. Regional Produite wéi Hunneg oder Äppeldécksaft schneiden dofir beim Klima vill besser of. Psychologesch gesi verbanne vill Leit “natierlech“ mat “gesond“ an iessen doduerch heefeg zevill dovun. Dobäi huet Hunneg oder Agavesirop bal genee esou vill Kalorië wéi Zocker.
Och bei Séissstoffer ass et net einfach: Stevia ass staark veraarbecht, Aspartam zwar gutt ënnersicht an am normale Konsum sécher, mee net gesond.
De Fazit vun der Ernärungsberoderin Stephanie Rosquin: All Alternativ huet Vir- an Nodeeler. Wierklech gesond ass et, wa mir allgemeng manner séiss iessen.