Wa Geméis an Uebst Héichsaison hunn, ass Dörren eng einfach a kreativ Konservéierungsmethod, duerch déi mir och de Rescht vum Joer kënne vun dësen héichwäertege Liewesmëttel profitéieren. D’Resultat ass nieft Aeppelschnëtz villerlee Snacken an aner aromaräich Produkter. Si enthale keng Zousazstoffer, si präiswäert a beléift bei Grouss a Kleng. Rotschléi vun der Dieticienne Lis Muller
Tipp: e Powerriegel aus Nëss a Kären, Huewerflacken, Uebstkompott oder Uebstcoulis, an enger Muffinsform am Schäffche bei 70 Grad dörren, dann ëmdréien an 2 Stonne bei 40 Grad fäerdeg dörre loossen
Referenzen: Keogh, M. (2017). Deshydrater les aliments chez soi. de Terran
Lorenz-Ladener, C. (2021). Dörren - Aroma pur. Ökobuch Verlag