Eewäiss-Hype, Top oder Flopp?
Mir schwätzen iwwer den Zesummenhank tëschent Eewäiss-Liwwerung an eiser Gesondheet.
Protein-Riegelen, Eewäiss-Shaken, speziell Huewerflacken: war Eewäiss soss éischter Theema beim Bodybuilding, ass et elo ëmmer méi salonsfäeg gi bei anere Sportaarten, Hobbysportler:innen an iwwerhaapt. Ganz nom Motto: “Vill Protein bréngt vill Muskelen”. Dës falsch Schlussfollgerung ass nach ëmmer ganz verbreet, zemools ënner Sportler:innen.
De Marché vun Eewäissprodukter ass riseg. Niewent Polver an Drinken ginn och ëmmer méi speziell Produkter ugebuede wéi zum Beispill verschidden Amino-Saieren. Mee wéi wäit sinn dës Produkter richteg a wichteg fir eise Kierper? Dës an aner Froe beäntwere mir mat Explikatioune vum Ernärunsgberoder Sven Majerus.