D’Europäesch Unioun huet den 19. Februar eng virleefeg Eenegung iwwert déi éischt verbindlech Ziler zur Reduzéierung vu Liewensmëttelverschwendung an der Geschicht vun der EU a weltwäit erziilt. Dës gesinn eng Reduktioun ëm 10 % an der Hierstellung an ëm 30 % am Eenzelhandel, a Restauranten an Haushalter bis 2030 vir. Leider sinn dës Virgaben net kompatibel mam Zil fir nohalteg Entwécklung.
Op der leschter Podiumsdiskussioun vu Foodsharing Luxembourg virun de leschte Wale waren d’Vertrieder*inne vun alle politesche Parteien an d’Expertinnen sech eeneg, dass méi gemaach misst ginn.
D’Warscheinlechkeet, dass ee Gesetzestext mat entschlossene Moossname géint d’Liewensmëttelverloschter- a verschwendung an den nächste Méint präsentéiert gëtt ass also esou héich wéi nach ni, esou den Daniel Waxweiler vu Foodsharing Lëtzbuerg,
Invitée ass d'Josiane Ginter vun der ASBL Foodsharing Lëtzebuerg.