D’Maison du Diabète ass eng Plaz, wou Mënsche mat Diabetes oder mat engem erhéichte Risiko net nëmme medezinesch Informatioun kréien, mee virun allem eng ganzheetlech an nohalteg Begleedung.
D’Maison du Diabète informéiert, sensibiliséiert a schafft zesumme mat Partner aus dem Gesondheets- a Sozialberäich fir d’Liewensqualitéit vun de Leit ze verbesseren.
D’Jessica Durbach Direktesch vun der Masion du Diabète, erkläert wéi d’Berodung funktionéiert, wat fir Offere bestinn an firwat et esou wichteg ass, d’Präventioun eescht ze huelen.