arrow_back_ios

Bewosst Gesond

100komma7.lu / Bewosst Gesond

/ LU-Alert an d'Alertes alimentaires

LU-Alert an d'Alertes alimentaires

Lauschteren play_arrow
on the headlines
headphones

12 min

Wat ass eng Alerte, wéi funktionéieren déi Kontrollen an de Betriber vun de Liewensmëttelketten a wéi soll de Konsument domadder ëmgoen?

An Europa gëtt et e ganz héijen Niveau vu Liewensmëttelsécherheet. Duerch den EU-Bannemaart goufen déi lescht 30 Joer eng ganz Rei EU-Reglementatioune geholl, déi all Typpe vu Geforen an de Liewensmëttel an och de Fuddermëttel reglementéieren. Am Beräich vun de Liewensmëttel sinn dës Texter zu Lëtzebuerg duerch d’Liewensmëttelgesetz vun 2018 ëmgesat (an nach aner sektoriell Gesetzer).

Dës Gesetzer verflichte Betriber vun de Liewensmëttelkette sécherzestellen, datt se just Produiten op de Maart setzen, déi konform sinn an esou keng Gefor fir Gesondheet vu Mënsch an Déier duerstellen.

"Liewensmëttel waren nach ni esou sécher wéi haut."

Parallel dozou organiséieren EU-Member-Staaten an och Lëtzebuerg offiziell Kontrolle fir ze iwwerwaachen, datt Betriber hire Verpflichtungen nokommen.

Zu Lëtzebuerg ass dat d’ALVA, déi 2022 aus dem Zesummeleeë vun der Veterinärsverwaltung, der Sécurité alimentaire vun der Santé, dem Commissariat alimentaire an der Fuddermëttel-Kontroll entstanen ass. 2025 koum nach de Liewensmëttellabo aus dem LNS dobäi.

D’ALVA huet zu Lëtzebuerg zesumme mat der ASTA 20 Kontrollsystemer opgestallt déi sécherstellen, datt all d’Aspekter vum Liewensmëttelrecht agehale ginn.

"Wichteg fir de Konsument, dee soll ëmmer genee kucken, wéi eng Lousnummer oder Haltbarkeetsdatume concernéiert sinn."

Explikatioune vum Patrick Hau, Directeur-adjoint vun der ALVA, der Administration luxembourgeoise vétérinaire et alimentaire


https://www.LU-alert.lu

https://lu-alert.lu/fr/recommandations-prevention/conseils-comportement/sante.html

https://www.securite-alimentaire.lu

https://securite-alimentaire.public.lu/fr/support/doleances.html

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Daarmgesondheet & de Mikrobiom verstoen | © Bigstock

Daarmgesondheet & de Mikrobiom verstoen

Wéi d’Daarmflora Verdauung, Immunsystem a Wuelbefanne beaflosst – a wat Dir selwer fir Är Gesondheet maache kënnt.
headphones

7 min

play_arrow
Haut ass de Bee Day | © Bigstock

Haut ass de Bee Day

Gesond Ernärung mol aus enger anerer Perspektive gekuckt.
headphones

14 min

play_arrow
Falsch Informatiounen iwwer Ernärung an de Soziale Medien | © Bigstock

Falsch Informatiounen iwwer Ernärung an de Soziale Medien

Wéi bréngen Instagram-Influencer et fäerdeg fir falsch Informatiounen iwwer Ernärung ze verbreeden?
headphones

12 min

play_arrow
Fréijoersmiddegkeet: D'Sonn ass do, an d’Energie fort - wat leeft falsch? | © Bigstock

Fréijoersmiddegkeet: D'Sonn ass do, an d’Energie fort - wat leeft falsch?

Firwat mir eis am Fréijoer dacks midd spieren - a wéi Ernärung, Beweegung an Alldagstippen hëllefe kënnen, nees méi Energie ze kréien.
headphones

5 min

play_arrow
Clever Iesse fir e fitte Kapp! | © Bigstock

Clever Iesse fir e fitte Kapp!

Wëssenschaftlech Erkenntnisser weisen, datt eist d'Iessen e groussen Impakt huet op eist Gehier, eis Emotiounen a souguer op méiglech psychesch Erkrankungen.
headphones

10 min

play_arrow
Eng ënnerschätzte Knoll, déi et a sech huet | © Bigstock

Eng ënnerschätzte Knoll, déi et a sech huet

Roll vun der Gromper an der gesonder Ernärung
headphones

11 min

play_arrow
Déifgefruere Liewensmëttel, besser wéi hire Ruff? | © Bigstock

Déifgefruere Liewensmëttel, besser wéi hire Ruff?

Iessen aus dem Tifküler, praktesch am Alldag an e Schlëssel fir manner Liewensmëttelverschwendung
headphones

7 min

play_arrow
Gesondheetswëssen - a wat domat geschitt | © Bigstock

Gesondheetswëssen - a wat domat geschitt

Informatioune ginn et genuch - mee net alles ass hëllefräich. Wéi fanne mir zouverlässeg Gesondheetsinformatiounen an ëmgoe mir Mythen?
headphones

6 min

play_arrow
Séisswaasserfësch - Eng vergiesse Ressource an eiser Ernärung? | © Bigstock

Séisswaasserfësch - Eng vergiesse Ressource an eiser Ernärung?

Wéi eng Roll spille Séisswaasserfësch an enger gesonder Ernärung a wat ass den Ënnerscheed zu de Mieresfësch?
headphones

12 min

play_arrow
Gesond al ginn | © Bigstock

Gesond al ginn

Wat kann ee maache fir gesond al ze ginn a méiglechst laang gutt ze liewen? Mir beschwätzen d’Resultater aus der Fuerschung am Beräich Ernärung a Sport.
headphones

12 min

play_arrow
Zoppen, e gesonde Comfort food fir all Alter | © Bigstock

Zoppen, e gesonde Comfort food fir all Alter

Zoppe si beléift a sinn eng Opwäertung vun eisem Iessen. An dat net nëmmen am Wanter.
headphones

9 min

play_arrow
Wéi d'Ernärung eis Stëmmung beaflosst | © monkeybusinessimages / Bigstock

Wéi d'Ernärung eis Stëmmung beaflosst

Wéi beaflosse Bluttzocker, Daarmgesondheet a Stresshormoner eis Stëmmung? E Bléck op wëssenschaftlech Zesummenhäng a praktesch Ernärungstippe fir méi mental Stabilitéit am Alldag
headphones

7 min

play_arrow
Le Laboratoire d’analyses sensorielles de l’EHTL | © astropix / Bigstock

Le Laboratoire d’analyses sensorielles de l’EHTL

Un laboratoire dédié à l’analyse sensorielle, à la formation et aux services professionnels pour évaluer scientifiquement la qualité des aliments.
headphones

9 min

play_arrow
E bëssen zeréckschalten- Faaschtenzäit am Alldag | © Chinnapong

E bëssen zeréckschalten- Faaschtenzäit am Alldag

An enger Zäit vum Iwwerfloss: Wat Faaschten haut bedeite kann - manner Reizer, méi Rhythmus an e bewossten Ëmgang mat Iessen.
headphones

8 min

play_arrow
Iessstéierungen | © digitalista / Bigstock

Iessstéierungen

Anorexie, Boulimie an d’Binge-eating-Stéierung ginn tehamtiséiert.
headphones

14 min

play_arrow
Mir iessen mat all eise Sënner: Wat Faarwen a Musek beim Iesse bewierken | © Brebca

Mir iessen mat all eise Sënner: Wat Faarwen a Musek beim Iesse bewierken

Faarwen, Musek a Beliichtung beaflossen '‘Stëmmung, den Appetit an de Genoss - a weisen, firwat genossvollt Iesse méi gesond a méi zefriddestellend ass.
headphones

9 min

play_arrow
Gesond iessen dat schmaacht - trotz batterem Nogeschmaach | © Marika Kosheleva

Gesond iessen dat schmaacht - trotz batterem Nogeschmaach

Wéi wierke Batterstoffer aus de Liewensmëttel op eis Gesondheet ?
headphones

11 min

play_arrow
D'Ernärung bei Erkältungen, wat eegent sech?

D'Ernärung bei Erkältungen, wat eegent sech?

Kann ee mat gesondem Iessen dem Houscht a Schnapp entgéint wierken?
headphones

10 min

play_arrow
Back to the roots - Al Geméiszorten nei entdecken

Back to the roots - Al Geméiszorten nei entdecken

Mir huelen d‘Wuerzelgeméis ënner d’Lupp an entdecken, wéi eng wäertvoll Inhaltsstoffer et enthält.
headphones

12 min

play_arrow
Intervallfaschten am Realitéitscheck

Intervallfaschten am Realitéitscheck

Intervallfaaschten ass en Trend - mee wat ass wëssenschaftlech beluecht? Eng komplett Aschätzung zu Notzen, Mythen, Fraen a laangfristeger Gesondheet
headphones

7 min

play_arrow