Et ginn zu Lëtzebuerg nach 38 wëll Orchideeën-Aarten, déi u ganz ënnerschiddlech Liewensräim ugepasst sinn. Si wuessen a fiichte Wisen, um Dréchewues oder och am däischtere Bësch. An engem Diorama mat liewensechte Modeller vun der Breetbliedereger Fangerwuerzel, der Gefleckter Fangerwuezel an dem Hybrid zwëscht deenen zwou Aarten, kritt een am Naturmusée en Abléck an de Liewensraum vun deene seelenen aarteräiche moere Fiichtwisen zu Lëtzebuerg.
arrow_back_ios
Aus dem Liewen
Naturmusée
Lauschteren
play_arrow
headphones
6 min
mic_none
Presentéiert vum
- Pit Walté