Een dee schafft, huet an der Reegel och e Wee bis op d’Aarbecht. An obwuel d’Pandemie eng gewësse Flexibiliséierung vun den Aarbechtskonditioune mat sech bruecht huet an ëmmer méi Beruffsfelder d’Schaffe vun doheem aus méiglech maachen, ass dat bei Wäitem net d’Reegel. An dovun ofgesinn och net an all Beräich méiglech. An der Diskussioun ronderëm déi verlueren Zäit am Stau gëtt allerdéngs ee wichtegen Aspekt dacks vernoléissegt: deen direkten Afloss vun eisem Aarbechtswee op eis Gesondheet an op eis Liewenskonditiounen. Wéi ganz besonnesch feminiséiert a manner valoriséiert Beruffsfelder dovu betraff sinn, beschwätze mir mat der Claire Schadeck vum CID | Fraen an Gender. (www.cid-fg.lu)
Konferenz 18.04.2026: Lecture & discussion autour de Temps de trajet.