Ecrane gehéieren haut zum Alldag vu Famillen. Dofir ass et wichteg, net nëmmen op déi reng Bildschierm-Zäit ze kucken, mee op eng gutt Balance tëscht online an offline. De Jeff Kaufmann vun BEE SECURE erkläert, wat jee no Alter sënnvoll ass: virun 3 Joer Ecrane vermeiden, den éischte Smartphone net ze fréi a sozial Netzwierker am beschten net viru 15 Joer.
Bei Froen, Hëllef an Ënnerstëtzung adresséiert Iech un d’Ekipp vu Bee Secure. Et gëtt eng Helpline: 8002 12 34 oder online bee-secure.lu