D'Feierdeeg brénge vill flott Momenter - Chrëschtdeeg, Schivakanz, Silvester - déi mir gären online mat Fotoen deelen. Mee d’Sharenting, also d’Verschécke vu Kannerfotoen z. B. ka Risiken droen.
De Kanner hir Fotoe ginn ouni hiert Wëssen duerch d’Welt geschéckt, mee och si hunn e Recht op Privatsphär, a si solle matbestëmmen, wat gedeelt gëtt. An och sensibel Donnéeë wéi Nimm, Schoul oder Standuert gehéieren net an d‘Ëffentlechkeet.
Privatsphär-Astellungen, geziilt Deele mat vertraute Leit a bewosst Motiver wielen, hëllefen Famillje-Momenter sécher ze halen.
De Jeff Kaufmann, Chargé de projets bei Bee Secure mat e puer praktesche Rotschléi