Mir schwätzen haut vill vum Klimawandel. D'Temperatur geet lues awer sécher erop, d’Gletschere schmëlzen an de Mieresniveau klëmmt. Ass dat en neie Phänomeen oder gouf et scho méi dacks grouss Klimaschwankungen an der Geschicht vun der Äerd? Fir op dës Fro eng Äntwert ze fannen, kënne mir zeréck an eis Geschicht wulle goen. Wat fanne mir an eisem Buedem esou alles un Zäitzeien? Wat erzielen d’Fossilien eis, déi mir hei am Land ausgruewen? A kann et sinn, datt fréier Renndéiere bei eis an der Géigend doheem waren? Explikatioune ginn et vun der Françoise Theisen-Kayser vum Naturmusée.
arrow_back_ios
Aus dem Liewen
Naturmusée
Lauschteren
play_arrow
headphones
6 min
mic_none
Presentéiert vum
- Pit Walté
Episoden
Kannermusée Plomm
De Musée riicht sech och mat enger Offer un déi Erwuessen aus dem Secteur vun der non-formaler Bildung.
Gero - Kompetenzzenter fir den Alter
Wichtegkeet vun der Beweegung am Alter
Familljen-Center
Kannerbicher iwwert Trennung a Scheedung.
EwB - ErwuesseBildung
Um Weekend vun den oppene Kierchen (5.- 7.Juni) geet et ëm d'Monumenter, déi an oder bei de Kierchen ze fanne sinn. 68 Kierche maache mat.
Naturmusée
Wëll Orchideeë vu Lëtzebuerg am Naturmusée
ZEV - Zenter fir exzessiivt Verhalen a Verhalenssucht
A wéi wäit huet eise Medienkonsum, kuerz virum Schlofe goen, en Afloss op eise Schlof?