De Projet “Bewosst” ass aus enger Zesummenaarbecht tëschent dem Familljeministère, der HORESCA an Info-Handicap entstanen.
Den Numm vum Projet ass bewosst gewielt ginn: et wëllt een ënnersträichen, datt net all Mënschen déi selwecht Besoinen hunn, an datt et eis gemeinsam Verantwortung ass e Bewosstsinn dofir ze schafen.
An enger éischter Phas vum Projet ass et d'Zil, d'Membere vun der HORESCA fir déi spezifesch Besoine vu Mënsche mat Beanträchtegungen ze sensibiliséieren, si weiderzebilden an zesumme konkreet Projeten ze entwéckelen an ëmzesetzen.