Wann Eltere sech getrennt hu kënnt et vir, datt si och no enger méi laanger Zäit nach ëmmer am Konflikt bleiwen. Dat kann esouwäit goen, datt si jorelaang streiden an ëmmer erëm viru Geriicht ginn. Dorënner leiden net nëmme si selwer, virun allem hir Kanner sinn dann engem permanente Leidensdrock ausgesat. Fir esou Famillen aus deem Dauerkonflikt erauszehëllefen, proposéiert d’Erzéiungs- a Familljeberodung ënner anerem ee Multifamillen-Therapie-Programm un: “Kinder aus der Klemme“.
Explikatioune mat der d’Diplom-Pädagogin Natascha Salomon vun der Erzéiungs- a Familljeberodung
https://www.erzeiungs-a-familljeberodung.lu