Patrimoine et architecture: fenêtres sur le passé, portes sur l’avenir
Op de Journées du Patrimoine organiséiert d'EwB (ErwuesseBildung) geféiert Visitte vun 2 barocke Kierchen an der Stad. Hir Geschicht ass jeeweils enk verbonne mat der Geschicht vu Stad a Land. Do komme vun adelege Stëftsdammen bis zu Keeseren a Grand-Ducen dra vir. Déi protestantesch Kierch läit bescheiden am Schiet vun der Kathedral an ass haut sober bannendran, d‘Kierch am Gronn läit virun der schéiner Kuliss vum Bockfiels an ass ganz räich ausstafféiert. Explikatioune mam Laure Simon vun der EWB
www.ewb.lu; https://journeesdupatrimoine.lu
- Église Saint-Jean, rue Münster, Luxembourg-Grund - 20.9.2025 | 14.30
De comtes et d’abbés, de rois et d'empereurs - Visite guidée avec Jean Beurlet, guide touristique et d'églises en français
- Protestantische Kirche, rue de la Congrégation, Luxembourg-Centre - 20.9.2025 | 16.00
Von "Jofferen" und Großherzögen - Geführte Besichtigung mit Martine Reuter, Stadt- und Kirchenführerin auf Luxemburgisch