Zënter 2025 koordinéiert de GERO dës wichteg Preventiounsinitiativ, bei där pensionéiert Leit no enger Formatioun vun der Police, aner Senioren a Seniorinnen zu Sécherheetstheemen informéieren. Theeme sinn Internetbedruch, Déifställ a Selbstschutz. D‘Initiativ soll Ängschten huelen, Vertraue schafen a géint sozial Isolatioun wierken. D’Formatioun fir nei Interesséiert fänkt Ufank 2026 un, mat Informatiounsversammlungen am Hierscht 2025.
De Projet fërdert och sozialen Austausch an Aktivitéit bei de Beroder:inne selwer. Explikatioune mam Alain Brever, Direkter vum Gero Kompetenzzenter fir den Alter