Den natur musée ass geschwënn zënter 30 Joer am Gronn. Bekannt beim Public ass en natierlech virun allem duerch seng Ausstellungen a Manifestatiounen. Mee wéi vill aner Institutiounen, huet och den Natur musée sech iwwer all déi Joerzéngten un d’sozio-, kulturell a wëssenschaftspolitesch Verännerungen upasse missen.
D’Komplexitéit vun der Biodiversitéitskris - mee och vun deenen aneren aktuelle Krisen - sief et elo eng sanitär, politesch oder och eng Energie- a Klimakris - verlaangt mëttlerweil och vun de Muséeën eng Re-Evaluéierung vun hirem Selbstverständnes.
Mir liewe scho längst an enger Kulturnatur a mussen eis als dominant Aart dëser Verantwortung stellen. Hei kann a muss natierlech och en Naturmusée wéi eisen eng Äntwert kënne ginn. De Musée muss als gesellschaftlech Plaz fir Wëssenschaftsvermëttlung dorops virbereeden. D’Naturmuséeën, déi sech ëmmer och als Kulturinstituter verstinn - bei de sougenannten Elitten ass dat Versteesdemech leider net ëmmer do - hu mat der aktueller Entwécklung vun der Welt d’Chance definitiv zu enger zentraler Plaz vun der Kultur ze ginn. Wäit iwwer hir Haaptklientel vu Kanner a Famillen eraus, adresséieren esou Fuerschungsmuséeë sech mat hire Sammlungen, hiren Ausstellungen an iwwerhaapt hirer Expertise zur Naturgeschicht nämlech ëmmer méi och un d’Politik, d’Wirtschaft an déi traditionell Kultur. Naturmuséeë gëlle leider nach ëmmer als een Domän fir Schoulklassen a Kanner, eng Zort Spillgeschier am Musenhimmel. Trotzdeem, a kenger anerer Zort vu Musée gëtt méi mat Museologie experimentéiert wéi an Naturmuséeën. Vill Naturmuséeë weltwäit gehéieren zur museografescher Avantgarde. Explikatioune vum Direkter Patrick Michaely (www.naturmusee.lu)