An engem radiophonesche "patchwork" léisst de Carlo Link Momenter an Toundokumenter aus Radio an TV erëm opliewen, wéi ë.a. mat dem "Radio 1212" oder och "Annie" genannt, e Geheimsender fir psychologesch Krichsféierung vum "SHAEF", deen iwwer d'Laangwelle-Frequenz vu Radio Lëtzebuerg Enn 1944 an däitscher Sprooch ausgestraalt huet. Weider ginn am Gespréich mat fréiere Mataarbechter d'Geschicht vun der Villa Louvigny (1671) an der Allée Marconi, wou d'Servicer vu Radio an TV bis 1996 ënnerbruecht waren, beliicht.
arrow_back_ios
Aus dem Archiv
Deel 3: D’Geschicht vu Radio Lëtzebuerg
Lauschteren
play_arrow
headphones
57 min
mic_none
Presentéiert vum
- Gilles Schreurs