Aus der Villa Louvigny, wou zënter 1933 de Siège an de Produktiouns-Zentrum vun der C.L.R., spéider der C.L.T. war, goufen am Ufank franséisch-, englesch-, flämesch-, däitsch-, a lëtzebuergesch Radio-, an zënter 1955 Televisiouns-Programmer fir e Millioune Publikum an Europa kreéiert a produzéiert. An engem radiophonesche "Patchwork" léisst de Carlo Link den Ufank (1925) an d'Zäit aus der Villa Louvigny mat Stëmmen an Toundokumenter erëm opliewen. E Bléck an eis Archive mat enger Sendung aus dem Joer 2003
arrow_back_ios
Aus dem Archiv
D’Ufäng vu Radio Lëtzebuerg
Lauschteren
play_arrow
headphones
56 min
mic_none
Presentéiert vum
- Gilles Schreurs