arrow_back_ios
100komma7.lu
Episoden
Tocotronic - Golden Years
Op hirem 14. Album vermëttelen déi däitsch Indie-Rock-Legenden Trouscht an Hoffnung an düsteren Zäiten.
Mereba - The Breeze Grew a Fire
Wann Nostalgie op eemol Loscht op d’Zukunft mécht.
Sharon Van Etten and The Attachment Theory
No zwee Joerzéngten als Solo-Kënschtlerin presentéiert sech d‘Sharon Van Etten op hirem neien Album "Sharon Van Etten & The Attachment Theory“ mat Band.
Eddie Chacon - Lay Low
Mat sengem drëtte Soloalbum “Lay Low” presentéiert den amerikanesche Museker Eddie Chacon e ganz minimalistesche Soul Disk iwwer de Verloscht an d’Hoffnung.
FKA Twigs – EUSEXUA
Mat richtegem Numm Tahliah Debrett Barnett, mellt sech déi brittesch Kënschtlerin no enger fënnef Joer Paus zeréck. An dat mat engem Club-Record, an dem d'Grenze vun elektronescher Musek aus getest an och gesprengt ginn.
The Weather Station - Humanhood
Eng Rees duerch watteg Klanglandschaften an deene Baussen- a Bannewelten matenee verschmëlzen
Franz Ferdinand - The Human Fear
D'Band ronderëm den Alex Kapranos bitt hei nees de gewinnten Humor a flott Refrainen.
MJ Lenderman - Manning Fireworks
Op “Manning Fireworks” presentéiert den MJ Lenderman Indierock mat Country-Afloss an absurde Lyrics tëschent Witz an Trauregkeet. Een Highlight vun 2024
White Denim - 12
Ee groussaartege Flickenteppech
Autumn Sweater - Adult Life
Op “Adult Life” presentéiert déi Lëtzebuerger Formatioun Autumn Sweater poppegen Indierock iwwer d’ErwuessesinN.
Homer - Ensatina
Als Batteur huet den Homer Steinweiss de Retro Soul-Sound vun Adele an Charles Bradley mat gepräägt. Op sengem Debutalbum "Ensatina“ weist hie sech vu senger ganz perséinlecher Säit.
Jackie Moontan - The Dark Side Of The Tanning Bed
Gittaren, déi huerelen, smoothe Crooning, batterséiss Pianosballaden an eng gutt Portioun Soul a Funk. Esou presentéiert sech de Lëtzebuerger Kënschtler Jackie Moontan op sengem Debutalbum.
Primal Scream - Come Ahead
D'Band bréngt no enger Paus vun aacht Joer en neien Album eraus, an dës Kéier si mir am Funk ënnerwee!
The Cure – Songs of a Lost World
En Album mat mat goteschem Rock a Reflexiounen iwwer Doud a Vergänglechkeet.
Porridge Radio - Clouds In The Sky They Will Always Be There For Me
Op hirem véierten Album “Clouds In The Sky TheyWill Always Be There For Me” loosse Porridge Radio den Emotiounen a Gittare fräie Laf.
Faux Real - Faux Ever
Eisen Album vun dëser Woch kënnt vun der franko-amerikanescher Band Faux Real an heescht „Faux Ever“.
The Smile - Cutouts
Jazz, Afrobeat, Mathrock a vill Radiohead-Afloss - sou presentéieren sech The Smile op “Cutouts”
Ezra Collective – Dance, No One’s Watching
Eisen Album vun dëser Woch ass eng Jazz-Fusion Plack, dréit sech ganz ronderëm den Danz, an danzt dobäi selwer. Danz verbënnt, an dat op vill Manéieren.