Den Obongjayar, gebuer als Steven Umoh am Nigeria, huet seng musikalesch Rees zu London ugefaangen. Seng éischt Opnamen hu mat Spoken Word, Hiphop an Elektronik experimentéiert, schonn deemools mat engem duussen, mee mächtege Falsetto.
Bekannt gouf hien duerch Kollaboratioune mat Kënschtler wéi Little Simz a Pa Salieu, éier 2002 säin Debut "Some Nights I Dream of Doors" erauskoum. Mat "Paradise Now" mellt hie sech zeréck, an dem Obongjayar seng Trajectoire weist ëmmer nach géi no uewen - a méi wéi engem Sënn.