arrow_back_ios
100komma7.lu
Episoden
Foxwarren - 2
E matrappende Groove, Harmonie wéi zu Laurel-Canyon-Zäiten, vill Sträicher, an déi originell Gesangsmelodie vum Frontmann Andy Shauf: All dat fënnt een um neie Foxwarren-Album "2".
Sophia Kennedy - Squeeze Me
Um drëtten Album vun der däitsch-amerikanescher Musekerin trëfft surrealistesche Weltschmäerz op orchestralen Elektropop. Eng batterséiss Klangkuliss fir eng verdréinte Welt.
Tune-Yards – “Better Dreaming”
Mat faarwegen, deck opgedroene Gesangs-Kuschen, a Perkussioun an der Schläif, kucken d’Tune-Yards mat hirer sechster Scheif der Däischtert riicht an d’Aen.
Thom Yorke & Mark Pritchard – Tall Tales
Op “Tall Tales” falen héich gebauten Tierm an de Koup, Emotiounen halen am Duercherneen, an elektronesch Experimenter maachen d’Wänn duerchsichteg.
Jenny Hval - Iris Silver Mist
Zigarettendamp a jazzegen Avant-Pop: op hirem neien Album “Iris Silver Mist” meeschtert déi norwegesch Kënschtlerin Jenny Hvalde Spagat tëschent Vergaangenheet a Géigewaart.
Stilübung mat Message
Klassesche Country mat onkonventionellen Texter proposéieren d'Julien Baker an TORRES op hirer neier Plack "Send A Prayer My Way".
Bon Iver - SABLE, fABLE
6 laang Joer hunn sech d’Fans vum amerikaneschen Indiemuseker Bon Iver missen op en neien Disk gedëllegen, mee mat “SABLE, fABLE” mellt sech Bon Iver elo zeréck.
Marlon Williams - Te Whare Tīwekaweka
Nodeems hien seng Karriär fir d’éischt op Englesch ugefaangen hat, gouf et fir den neiséilännesche Museker ëmmer méi evident, dass hie wéilt a senger Mammesprooch Maori sangen.
Japanese Breakfast - For Melancholy Brunettes (& Sad Women)
Japanese Breakfast mellen sech mat hirem véierten Album “For Melancholy Brunettes (& Sad Women) zeréck. Een eklekteschen Disk op deem d’Melancholie als séissen Zockergoss opgedroe gëtt.
Courting - Lust for Life, Or: 'How to Thread the Needle and Come Out the Other Side to Tell the Story'
Eng perfekt gebitzte Spaass-Plack
Lady Gaga - Mayhem
D'"Mama Monster" geet erëm zeréck an hir Vergaangenheet a bei hir Pop-Wuerzelen, ouni awer eng reng Kopie vun hirem fréiere Personnage ze sinn. En Album, deen an de Medie vill beschwat a gefeiert gëtt, an dat zu Recht.
Divorce - Drive to Goldenhammer
E groussaartegen Debutalbum vun dëser brittescher Band, déi Indie Rock mat Folk, Country an experimentellen Aflëss verbënnt.
Saya Gray - SAYA
Op hirem zweeten Album “Saya” liwwert déi japanesch-kanadesch Musekerin Saya Gray Art-Pop an d’Péng vun engem gebrachenen Häerz.
Tocotronic - Golden Years
Op hirem 14. Album vermëttelen déi däitsch Indie-Rock-Legenden Trouscht an Hoffnung an düsteren Zäiten.
Mereba - The Breeze Grew a Fire
Wann Nostalgie op eemol Loscht op d’Zukunft mécht.
Sharon Van Etten and The Attachment Theory
No zwee Joerzéngten als Solo-Kënschtlerin presentéiert sech d‘Sharon Van Etten op hirem neien Album "Sharon Van Etten & The Attachment Theory“ mat Band.