arrow_back_ios
Album vun der Woch
The Weather Station - Humanhood
headphones
8 min
Lauschteren
play_arrow
Fir The Weather Station hire sechsten Album huet d’Bandleaderin Tamara Lindeman Gittar a Banjo mam Saxofon a Piano ersat. Sie hellt eis dobäi mat op eng Rees duerch watteg Klanglandschaften an deene Baussen- a Bannewelten matenee verschmëlzen. An och wann den Nolauschterer domat genuch Stoff zum Nodenken zerwéiert kritt, bleiwe Melodie an Album zougänglech.
mic_none
Presentéiert vum
- Joé Birchen
Episoden

Eddie Chacon - Lay Low
Mat sengem drëtte Soloalbum “Lay Low” presentéiert den amerikanesche Museker Eddie Chacon e ganz minimalistesche Soul Disk iwwer de Verloscht an d’Hoffnung.
FKA Twigs – EUSEXUA
Mat richtegem Numm Tahliah Debrett Barnett, mellt sech déi brittesch Kënschtlerin no enger fënnef Joer Paus zeréck. An dat mat engem Club-Record, an dem d'Grenze vun elektronescher Musek aus getest an och gesprengt ginn.
The Weather Station - Humanhood
Eng Rees duerch watteg Klanglandschaften an deene Baussen- a Bannewelten matenee verschmëlzen
Franz Ferdinand - The Human Fear
D'Band ronderëm den Alex Kapranos bitt hei nees de gewinnten Humor a flott Refrainen.
MJ Lenderman - Manning Fireworks
Op “Manning Fireworks” presentéiert den MJ Lenderman Indierock mat Country-Afloss an absurde Lyrics tëschent Witz an Trauregkeet. Een Highlight vun 2024

White Denim - 12
Ee groussaartege Flickenteppech

Autumn Sweater - Adult Life
Op “Adult Life” presentéiert déi Lëtzebuerger Formatioun Autumn Sweater poppegen Indierock iwwer d’ErwuessesinN.

Homer - Ensatina
Als Batteur huet den Homer Steinweiss de Retro Soul-Sound vun Adele an Charles Bradley mat gepräägt. Op sengem Debutalbum "Ensatina“ weist hie sech vu senger ganz perséinlecher Säit.

Jackie Moontan - The Dark Side Of The Tanning Bed
Gittaren, déi huerelen, smoothe Crooning, batterséiss Pianosballaden an eng gutt Portioun Soul a Funk. Esou presentéiert sech de Lëtzebuerger Kënschtler Jackie Moontan op sengem Debutalbum.

Primal Scream - Come Ahead
D'Band bréngt no enger Paus vun aacht Joer en neien Album eraus, an dës Kéier si mir am Funk ënnerwee!

The Cure – Songs of a Lost World
En Album mat mat goteschem Rock a Reflexiounen iwwer Doud a Vergänglechkeet.

Porridge Radio - Clouds In The Sky They Will Always Be There For Me
Op hirem véierten Album “Clouds In The Sky TheyWill Always Be There For Me” loosse Porridge Radio den Emotiounen a Gittare fräie Laf.

Faux Real - Faux Ever
Eisen Album vun dëser Woch kënnt vun der franko-amerikanescher Band Faux Real an heescht „Faux Ever“.

The Smile - Cutouts
Jazz, Afrobeat, Mathrock a vill Radiohead-Afloss - sou presentéieren sech The Smile op “Cutouts”

Ezra Collective – Dance, No One’s Watching
Eisen Album vun dëser Woch ass eng Jazz-Fusion Plack, dréit sech ganz ronderëm den Danz, an danzt dobäi selwer. Danz verbënnt, an dat op vill Manéieren.

Bei sech ukommen
Wa sech eng Musekerin mat engem besonneschen Talent fir grouss Melodien, an e renomméierte Produzent begéinen, da sinn d‘Erwaardunge grouss.

Nilüfer Yanya - My Method Actor
Op hirem drëtten Album zerwéiert déi brittesch Musekerin hire soulegen Indierock a reechert dëse mat enger gudder Portioun Nonchalance un.

C'est Karma - How To Peel An Orange
Tëschent elektroneschem Pop a Gesellschaftskritik: Mat "How To Peel An Orange“ stellt déi Lëtzebuerger Musekerin C‘est Karma hiren Debut-Album vir.

Nick Cave and the Bad Seeds - Wild God
Op hirem 18. Album "Wild God“ zelebréieren Nick Cave and the Bad Seeds eng musikalesch Mass, an där si op ganz inspiréiert Manéier improviséieren.
