Radioen

On air

9 bis 1  |  The Staves - I Don't Say It But I Feel It

play_arrow Live
arrow_back_ios

Genuddels a Gejiips

Vijay Iyer Trio

headphones

60 min

Lauschteren play_arrow

De Vijay Iyer ass ee Pianist, deen een an der Jazzwelt wuel net méi muss virstellen. Tëschent réier Kraaft, mathematesch-rhythmesche Konzepter an enger balladesquer Zerbriechlechkeet beweegt sech säi Spill ëmmer méi organesch hin an hier. Fir de Label ECM bréngt hie fir seng lescht Plack "Uneasy" am Joer 2021 en neien Trio zesummen, mat der Kontrabassistin Linda May Han Oh an dem Batteur Tyshawn Sorey.

Hei héiere mir awer en Trio mam Matt Brewer um Bass an dem Jeremy Dutton op der Batterie, mee d'Musek déi si spille si Kompositiounen, déi zum Deel och op "Uneasy" ze fanne sinn, an zum Schluss eng Stevie Wonder Kompositioun.

Presentéiert vum Pol Belardi.

Episoden

Propulsion a Propulsion Women

D'Compagnie Tangram, ënner der Fiederféierung vum Stéphane Scharlé, huet en neie Programm an d'Liewe geruff fir jonken Jazzmuseker e Stouss an déi richteg Richtung puncto Karriär ze ginn.
headphones

60 min

play_arrow

Fred Hersch- Bill Frisell - Eddie "Lockjaw" Davis

E wonnerbar duussen an déifgrënnege Solo-Album - "Old Main Chapel": posthum e Ron-Miles-Album – En ënnerschaten Tenor-Saxofonist
headphones

60 min

play_arrow

headphones

60 min

play_arrow

Den Shawn Purcell, den Toms Rudzinskis an den John Coltrane

De Gittarist Shawn Purcell huet säi Liewen de sechs Säiten dediéiert - Den Toms Rudzinskis, ee vun den ugesotsten Jazz-Saxofonisten aus dem Baltikum - Live-Opnam vun 1961 vum John Coltrane
headphones

60 min

play_arrow

Dräi Albume vun dräi Generatiounen

"Monk's Dream" als Klassiker, dem Brad Mehldau säin neie Solo-Album mat Beatles Kompositiounen an dem Reinier Baas säin "Deadeye"

headphones

60 min

play_arrow

headphones

60 min

play_arrow

headphones

60 min

play_arrow

Noruff op de Casey Benjamin an en neie Bass Duo-Album

Mat nëmme 45 Joer ass virun enger Woch de Multi-Instrumentalist Casey Benjamin gestuerwen. Säin Alt-Saxofon, awer virun allem och Vocoder- a Synthesizer-Spill huet d'Leit begeeschtert.
headphones

60 min

play_arrow

Noruff un de Sylvain Luc - Paul Jackson - Taylor Eigsti

Dee verfréiten Doud vum wonnerbare Gittarist huet net nëmmen déi franséisch Jazzzeen gerëselt - D'Gebuertsdagskand Paul Jackson an deen neien Album vum Taylor Eigsti
headphones

60 min

play_arrow

headphones

60 min

play_arrow

De Constantin Krahmer an deen neien Opus vu Knower

Deen däitsche Pianist erzielt am Interview méi iwwer “Care”, e fuschneien Trio-Album an de Louis Cole an d'Genevieve Artadi hunn am Oktober 23 "Knower Forever" released.
headphones

60 min

play_arrow

Dräi wonnerbar Albumen ausgegruewen, ...

... respektiv frësch aus de Regaler: Deen neisten Album vum Chris Potter, da nach en ale Klassiker vum Pepper Adams an en neien Album vum Joel Ross.
headphones

60 min

play_arrow

Nei Concertsrei am Vantage Bar - Neie Live-Album vum Gilles Grethen

De 6. Mäerz mam Olivio Pagliarini Trio feat. Paule Rodesch - De Gittarist a Komponist presentéiert säin neiste Live-Album "State of Mind"
headphones

60 min

play_arrow

Genuddels a Gejiips

De Kevin Hays, de Yussef Dayes an den Echter'Jazz Festival stinn haut den Owend op der Affiche.
headphones

60 min

play_arrow

Ethan Iverson - Fire! Orchestra - Felix Hauptmann

Neien Opus "Technically Acceptable" - E richtegt Mammut-Wierk: "Echoes" vun 43 Museker agespillt - Eng flott elektronesch opgelueden EP
headphones

60 min

play_arrow

Ethan Iverson - Fire! Orchestra - Felix Hauptmann

Neien Opus "Technically Acceptable" - E richtegt Mammut-Wierk: "Echoes" vun 43 Museker agespillt - Eng flott elektronesch opgelueden EP
headphones

60 min

play_arrow

Horace Silver, Arild Andersen a Cautious Clay

Dem Horace Silver seng wuel bekanntsten Nummer "Song for my Father"; den Arild Andersen bréngt mat "Affirmation" e wonnerbaren Album eraus, an de Joshua Karpeh verwäscht d'Grenzen.
headphones

60 min

play_arrow